Stoll Trucks schafft zanter e puer Joer un der Integratioun vun de gesellschaftlechen an ëmweltbedéngte Froen an all seng Aktivitéiten a Prozesser. Mat dësem kloer ausgestrahlte RSE Usaz ass et en neit Engagement dat duerch de Label ënnerschriwwen gouf Vision Zero !
De Label Vision Zero steet an engem nationale Strategierahmen fir d’Sécherheet Sécherheet an d Gesondheet op der Aarbecht.
D’Aarbechtsaccidenter, Trajetsaccidenter an déi berufflech Krankheete verursaachen enorm mënschlech a familiär Tragödien. Weider, den sozio-ekonomeschen Impakt dovun op d’Betriber an d’Gesellschaft ass substantiell. All Accident ass vermeitbar an keen Risiko ass akzeptabel um Aarbechtsplaz. Dat eenzegt zoulässegt Ziel kann näischt anescht wéi d’VISION ZERO sinn, dat heescht null Doudesfäll, null schwéier Verletzter. Eng gesond a sécher Aarbechtsplaz geet vun engem gemeinsame Wëllen a vun enger gemeinsamen Verantwortung aus tëscht der Regierung, den Entreprisen, de Salariéeën, de sozialen Partner an all de Stakeholderen, a Stoll Trucks ass engagéiert.VISION ZERO, dat heescht null Doudesfäll, null schwéier Verletzter.







